De Pelz vum Mupp

De Pelz vum Mupp

Een deen Muppen huet, weess, dass all Mupp 2 mol am Joer säi Pelz wiesselt. am Fréijoer an am Hierscht. An där Zäit sinn d‘Muppen da mol gäre midd, schlapp a falen och mol gären e bëssen an. Wat se méi al gin, wat een et besser mierkt. De Fellwiessel kascht eisem Deier extrem vill Energie, dofir ass et wichteg, sie wärend dëse Phase richteg ze ënnerstëtzen.

Mee wat geschitt? Wiessel

Den Kierper bewältegt eng riseg Aufgab wou en an 6-8 Wochen deen ale Pelz, wou en net méi brauch, z B am Fréijoer d'Ennerwoll, erausgehäit an deen neie Pelz nowiisst. Fier dat brauch en eng Onmeng un Närstoffer (Proteinnen, Vitaminnen, Fetter, Mineralien) dermat dat ganz iwwert d’Bün ka goen. Also eng grouss Aufgab fir de Stoffwiessel.

Wat kann ech maan?

Als alleréischt soll een den Hond reegelméisseg kämmen, domadder entfernt en dat doudegt Hoer a beaflosst positiv Duerchbluddung, wat mëscht, dass d’Närstoffer besser dohi kommen wou se gebraucht gin. Och kann een da kucken ob den Hond Parasitten huet wei Zecken, Fléi oder Milben.

Ënnerlech soll en kucken, dass den Hond déi Närstoffer kritt déi en brauch. Hei hëllefen z.B. Ueleger wei Lachsöl, Leinöl, Hanföl, oder och Gadiator PLUS.

Desweideren gin et Kraidermëschungen déi déi neidesch Mineralien a Bioverfügbarkeet hunn, sou dass de Pelz erëm schéi kann zeréckkommen.

Et gin och Hënn déi tëschenduerch mol méi e struppegen a matten Pelz kréien, oder sech krazen a bäissen. Hei kann et och mol sin, dass d’Haut net deen Talg ka produzéieren, deen en fir e schéinen, blénkege Pelz brauch. Och d’Ernährung spillt heibäi eng grouss Roll. Wann am Fudder net déi néideg Närstoffer sin, déi de Mupp brauch, fir dëst ze bewältegen, wierkt dat sech och op de Pelz aus. Wann dir ären Hond beim Fellwiesel wëllt ënnerstëtzen, oder fannt, dass säin Pelz vläicht net méi sou schéin ass, kennt dir iech gären bei eis beroden loossen.

 

Retour au blog